Bréissel während der COVID19 Pandemie
May 17th, 2020 by Charles Goerens
Un der Tierkesch-griichescher Grenz ass d’Situatioun ugespaant zënter den tierkeschen President decidéiert huet, d’Grenzen fir Migranten a Flüchtlingen opzemaachen. Wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun, wéi ass d’Situatioun anzeschätzen an wéi mussen d’EU Autoritéiten reagéieren? Link zum Video fannt Dir hei.

D’EU-Kommissioun huet viru Kuerzem hir Propose iwwer d’Reform vum EU-Erweiderungsprozess virgestallt. Si wëll d’Verhandlunge mat Bäitrëttskandidate méi transparent gestalten. Gläichzäiteg setzt Bréissel méi streng Krittären. Mee esou laang d’EU sech net d’Moyene gëtt, fir de Schutz vun de Grondwäerter ze garantéieren, ass se net prett fir d’Erweiderung. Hei meng Aschätzung vun der neier EU-Strategie.

Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz. Vill Spaass beim kucken. Méi Informatioune fannt dir op dëser Säit.
Stroossbuerg 16/01/2020
Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz.
Dës Woch koum d’Europaparlament fir eng zweete Kéier am Juli zu Stroossbuerg zesummen. An där leschter Sessioun virun der Summerpaus stoung ënnert anerem d’Bestätegung vun der Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun, der Ursula von der Leyen, um Programm. Mee awer och an de verschiddenen parlamentaresche Kommissiounen hunn nach missen d’Virsëtz gestëmmt ginn. Fannt hei de Video dozou.
Ech wënschen Iech vill Spaass beim kucken an eng schéi Summervakanz.

Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.
An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. …Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.
Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.
Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.
Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.
An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.
Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.
Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.
De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.
Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.
Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament.
Hei de Kommentar vum Mount, wéi och d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.
De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.
Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.
Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament.
Hei de Kommentar vum Mount, wéi och meng d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.
Kuckt hei mäin neiste Commentaire vum Mount!
De Brexit stoung och dës Woch nees ganz am Mëttelpunkt vun den Debaten, souwuel am britesche Parlament, wéi och bei eis am Europaparlament. Dobäi ass et awer wichteg, dass mir och aner wichteg Themen net aus den Ae verléieren. Mir mussen eis ganz dringend Gedanken iwwer d’Zukunft vun Europa maachen.
Kuckt eran!
Stroossbuerg Sessioun vum Dezember 2018. Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.
Wéi geet et weider mat der EU?
http://www.dok.lu/page/program/337/LTZ/index.html
http://www.dok.lu/page/program/266/LTZ/index.html
http://www.dok.lu/page/program/230/LTZ/index.html