July 10th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 10/07/2020
Den 1. Juli hunn d’Kroaten d’Relève un déi Däitsch iwwerginn. Fir déi nächst 6 Méint huet Däitschland domat d’Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Wat bedeit dat? Wéi waren déi lescht 6 Méint ënnert de Kroaten a wat gëtt elo vun Däitschland verlaangt? Dës Froe goufe gëschter a Presenz vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel an der leschter Sessioun virun der Summerpaus debattéiert. Vill Spaass beim Kucken.
July 9th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 09/07/2020
“Si nous ne nous y prenons pas trop mal, dans les six mois qui viennent, la gestion de la présente crise nous permettra d’avancer plus en matière d’intégration européenne qu’au cours des 30 dernières années.”
Ma carte blanche sur l’Europe post-Covid à lire dans le
Paperjam.
June 21st, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 21/06/2020
De 27. Mee huet d´Kommissioun hir lescht Propos fir den nächsten EU-Budget virgestallt. Dëse soll duerch e Plan de Relance vu 750 Milliarden Euro verstäerkt ginn, fir der duerch d´COVID-19-Kris bedéngte wirtschaftlecher Rezessioun entgéintzewierken. Et ass dëst eng historesch Propos, déi am Conseil awer bis elo net just op Zoustëmmung stéisst. De Video dozou fannt dir hei.
June 19th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 19/06/2020
Intervention en plénière au Parlement Européen sur l’accaparement de terres et la déforestation en Amazonie. Voici l’intégralité de l’intervention.
June 19th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 19/06/2020
De 9. EU-Talk organiséiert vum Europabüro zu Lëtzebuerg, dës Kéier zesummen mam Katarina Barley (Europadéputéiert, Vizepresidentin vum Europaparlament, S&D) a mam Prof. Dr. Stefan Braum vun der Universitéit Lëtzebuerg mam Thema: Rechtsstaat unter Druck? Wéi gewinnt fannt dir och dëse Video op der Youtubesäit vum Europabüro zu Lëtzbuerg.
June 12th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 12/06/2020
Fannt hei eng Reportage vum Bill Wirtz um RTL iwwert meng Initiative am Europaparlament eng Enquête ze lancéieren déi opklären soll a wéi enge Punkten d’Autoritéiten zu Ischgl falsch gehandelt hunn an wéi et zu sou enger Infektiounswell konnt kommen.
June 5th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 05/06/2020
Am Kader vum 7. EU-Talk, organiséiert vum Europabüro zu Lëtzbuerg hunn mir iwwer de Rôle vu de Parlamenter a Krisenzäiten diskutéiert. Mat vun der Partie waren de Fernand Etgen (Chamberspresident), d’Isabel Wiseler-Lima (Europadeputéiert, EVP) an de Prof. Dr. Philippe Poirier, Uni Lëtzebuerg (Titulaire vun der Chaire de recherche en études parlementaires op der Uni Lëtzebuerg). De Video fannt dir op der Youtubesäit vum Europabüro zu Lëtzbuerg.
May 20th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 20/05/2020
Ee Joer no den Europawalen, hunn ech mam Lëtzebuerger Journal driwwer geschwat, wat mech an deem Joer am meeschte gepräägt huet, a wat déi gréissten Erausfuerderunge vun der EU sinn.
May 8th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 08/05/2020
Tous ensemble ou chacun pour soi ? Quelle est la place de l’UE dans l’actuelle crise ? La solidarité aidera-t-elle les pays européens à relever la tête ? J’ai discuté de ces questions aux côtés de Kalypso Nicolaïdis et Pierre Manent. Voici l’émission sur France Culture.
May 6th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 06/05/2020
“Si ses recettes pour la période post COVID n’ont pas de prix, elles ont néanmoins un coût. Nous allons devoir le payer pour garantir aux générations futures une vie dans des sociétés ouvertes, prospères, libres, tolérantes et solidaires.”
Voici ma position sur le rôle de l’UE dans ces temps de crise.
May 1st, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 01/05/2020
Mir hunn et mam Covid19 mat enger globaler Pandemie ze dinn. Fir si ze bekämpfen, ass eng staark multilateral Zesummenaarbecht néideg, zum Beispill duerch eng Stäerkung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Fannt hei meng Interventioun zum Thema fir d’Friedrich Naumann Foundation Europe.
April 17th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 17/04/2020
Fannt hei d’Diskussioun déi ech mam Marc Angel a mam Isabel Wiseler-Lima hat iwwer d’Mesuren, déi d’EU am Kader vun der aktueller Coronakris ergraff huet.
April 8th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 08/04/2020
Den Ament definéieren déi verschidde Fraktiounen am EU-Parlament hier Positiounen a proposéiere Mesuren, wéi d’EU géint dës Pandemie kämpfen, an de Wee aus der Kris fanne kann. An enger Zäit, an där Eenheet a Solidaritéit kruzial sinn ass et wichteg, datt déi Kräften, déi an déi selwecht Richtung schaffen, sech zesummendinn: Et wier gutt, wann d’Europäesch Vollekspartei (EVP), d’Sozialdemokraten (S&D), déi Gréng (Greens/EFA) an déi Lénk (GUE/NGL) zesummen no Léisunge sichen an eng gemeinsam Resolutioun proposéieren. D’Virschléi vu Renew Europe fannt Dir hei.