September 17th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 16/09/2020
Mon intervention en plénière sur la situation en Biélorussie le 15 septembre à Bruxelles. Voici l’intégralité de la vidéo.
September 15th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 15/09/2020
De politesche Programm ass momentan gutt gefëllt. Am RTL Interview de Moien hunn mir net nëmme d’Covid19 Pandemie diskutéiert, mee och aner politesch Themen déi am Moment vun zentraler Wichtegkeet sinn, national an international. Den Interview mam Frank Goetz fannt dir hei.
September 11th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 11/09/2020
Och déi éischt Session en plénière vum Europaparlament nom Summer gëtt wéinst der Covid19 Pandemie weiderhin zu Bréissel ofgehale, opwuel de Siège dem Traité no zu Stroossbuerg ass. Fannt dozou e Bäitrag vum Danièle Weber um 100,7.
September 7th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 07/09/2020
Säit zwee Méint protestéieren d’Bierger a Bulgarie géint Korruptioun a fir de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet. Et ass dëst nach e Beispill, dass sech d’Memberstaaten mussen op kloer Reegele verstännege fir de Rechtsstaat dauerhaft duerchzesetzen. Lauschtert dozou mäin Interview mam Bill Wirtz um RTL.
July 21st, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 21/07/2020
Mat Methode vu gëschter sinn d’Problemer vu muer mam beschte Wëllen net ze léisen. Dat hei kéint elo d’Stonn vum Europaparlament ginn, wann et den Doudegriewer vum Rechtsstaat d’rout Kaart weist. Mir brauche Berechebarkeet, Planungssécherheet ouni de Rechtsstaat ze ënnergruewen. Fannt dozou e Bäitrag vum Bill Wirtz am RTL Replay an eng Reportage vum Jeannot Ries.
July 13th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 13/07/2020
An der zweeter Juliswoch 2020 sinn d’EU Staats-a Regierungscheffen zesumme komm fir iwwer den nächste Budget ze beroden. De Propos, deen de Rotspresident Charles Michel am Juni op den Dësch geluecht huet, ass bei wäitem net ambitiéis genuch, fir datt d’EU de Wee aus der Kris ka fannen. D’EU-Parlament dierf net bereet sinn, e schwaache Kompromëss z’akzeptéieren, a muss noutfalls säi Veto aleeën. Fannt dozou een Artikel vum Diego Velazquez am Lëtzebuerger Wort.
July 10th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 10/07/2020
Den 1. Juli hunn d’Kroaten d’Relève un déi Däitsch iwwerginn. Fir déi nächst 6 Méint huet Däitschland domat d’Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Wat bedeit dat? Wéi waren déi lescht 6 Méint ënnert de Kroaten a wat gëtt elo vun Däitschland verlaangt? Dës Froe goufe gëschter a Presenz vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel an der leschter Sessioun virun der Summerpaus debattéiert. Vill Spaass beim Kucken.
July 9th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 09/07/2020
“Si nous ne nous y prenons pas trop mal, dans les six mois qui viennent, la gestion de la présente crise nous permettra d’avancer plus en matière d’intégration européenne qu’au cours des 30 dernières années.”
Ma carte blanche sur l’Europe post-Covid à lire dans le
Paperjam.
June 21st, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 21/06/2020
De 27. Mee huet d´Kommissioun hir lescht Propos fir den nächsten EU-Budget virgestallt. Dëse soll duerch e Plan de Relance vu 750 Milliarden Euro verstäerkt ginn, fir der duerch d´COVID-19-Kris bedéngte wirtschaftlecher Rezessioun entgéintzewierken. Et ass dëst eng historesch Propos, déi am Conseil awer bis elo net just op Zoustëmmung stéisst. De Video dozou fannt dir hei.
June 19th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 19/06/2020
Intervention en plénière au Parlement Européen sur l’accaparement de terres et la déforestation en Amazonie. Voici l’intégralité de l’intervention.
June 19th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 19/06/2020
De 9. EU-Talk organiséiert vum Europabüro zu Lëtzebuerg, dës Kéier zesummen mam Katarina Barley (Europadéputéiert, Vizepresidentin vum Europaparlament, S&D) a mam Prof. Dr. Stefan Braum vun der Universitéit Lëtzebuerg mam Thema: Rechtsstaat unter Druck? Wéi gewinnt fannt dir och dëse Video op der Youtubesäit vum Europabüro zu Lëtzbuerg.
June 12th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 12/06/2020
Fannt hei eng Reportage vum Bill Wirtz um RTL iwwert meng Initiative am Europaparlament eng Enquête ze lancéieren déi opklären soll a wéi enge Punkten d’Autoritéiten zu Ischgl falsch gehandelt hunn an wéi et zu sou enger Infektiounswell konnt kommen.
June 5th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 05/06/2020
Am Kader vum 7. EU-Talk, organiséiert vum Europabüro zu Lëtzbuerg hunn mir iwwer de Rôle vu de Parlamenter a Krisenzäiten diskutéiert. Mat vun der Partie waren de Fernand Etgen (Chamberspresident), d’Isabel Wiseler-Lima (Europadeputéiert, EVP) an de Prof. Dr. Philippe Poirier, Uni Lëtzebuerg (Titulaire vun der Chaire de recherche en études parlementaires op der Uni Lëtzebuerg). De Video fannt dir op der Youtubesäit vum Europabüro zu Lëtzbuerg.
May 20th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 20/05/2020
Ee Joer no den Europawalen, hunn ech mam Lëtzebuerger Journal driwwer geschwat, wat mech an deem Joer am meeschte gepräägt huet, a wat déi gréissten Erausfuerderunge vun der EU sinn.
May 17th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 17/05/2020