Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d'Highlighte vun de leschten Deeg.
D’Ried zu der Lag vun der Europäescher Union vun der Kommissiounspresidentin, déi een u sech och als Walkampfried bezeechne kann, war gepräägt vu groussen Annoncen. Wat gefeelt huet: wichteg Detailer an Explikatiounen wéi een déi verschidde Punkte realiséiere well.
Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Nohaltegkeetsziler, dem Brigitte Macron säi Projet a meng Entrevue mat der Präsidentin vu Liberal International. Kuckt bis eran!
Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Deportatioun vun ukrainesche Kanner a Russland a kucken, wat d'EU maache kann. Ausserdeem beschwätze mer d'Roll vun der Europäescher Investissiounsbank wann et em d'Rekonstruktioun vun der Ukrain geet.
Le 06 mars 2023, j'ai invité un bon nombre de personnes pour la projection du film «Simone, le Voyage du Siècle», qui s'est tenue à Kahler au Kinoler, dans la commune de Garnich. Un grand merci encore à Colette Flesch pour le témoignage. Vous pouvez trouver les photos ici.
Enn Oktober hun ech un engem ganz besonnegen Projet deelgeholl: zesummen mam ARD Magazin Report München wollte mer erausfannen, wéi laang et dauert bis antisemiteschen Contenu vun Twitter/Facebook/Youtube geläscht gett. Wéi der am Reportage erkenne kennt, sin d’Resultater erschreckend:
Tëschent zwou Plenarsëtzunge melle mir eis des Kéier nees vu Bréissel fir iwwert déi rezent Walen an Italien a Schweden ze schwätzen, déi jo vu national-konservativ a riets-extreme Parteie gewonne gi sinn. Wat bedeit dat fir déi Länner a fir d’Europäesch Unioun am Allgemengen? Kuckt bis eran!